"Dat schéinst wat e Mënsch hannerloosse kann, ass e Laachen am Gesiicht vun deenen, déi un en denken."

Mat Léift, Dankbarkeet an Trauer hale mer de Marc Adamy, treie Member a Caissier, ma virun allem e Frënnt, deen ons esou Plëtzlech verlooss huet, an onser Erënnerung fest.

Hien hannerléisst ee grousse Vide an eisem Veräin awer och an eisen Häerzer.

Senger Famill a sengem Bekanntekrees déi hien ze schätze wossten, drécke mir eis déifste Matgefill aus.

D' Generalversammlung vum 16 Januar ass fir den Ament emol, op den 2 Februar 2025 am Hispic zu Klengbetten ab 9 Auer Moies, am Kader vun eisem Floumaart, gesat.